Wat ass et?
D'Trainingsfeedback Lafen ersetzt d'Excel-Fichier: Leefer droen hiren Training an, d'Tool rechent alles wéi am Excel, a mat engem Klick gëtt et e PDF fir den Trainer.
- Apparat: Computer, Tablet oder Handy, an all aktuellem Browser (Safari, Chrome, Firefox, Edge).
- Keng Umeldung: Et brauch kee Kont a keen Passwuert.
- Donnéeën: Alles bleift am Browser vum Leefer; Fotoen a Fichieren ginn um Apparat selwer gelies. Just d'Startplaz an d'Datum ginn un Open-Meteo (Wieder) an OpenStreetMap (Numm vun der Plaz) geschéckt. Beim Klick op „PDF“ oder „Excel“ gëtt just e Zieler eropgesat (wéi oft d'Tool benotzt gëtt), ouni Numm a Trainingsdonnéeën.
- Zwëschespäicheren: De leschten Training bleift automatesch stoen, och wann een d'Säit zoumécht.
E Training aginn: 5 Schrëtt
Blo Felder fëllt een aus, gro Felder rechent d'Tool.
- Kapp ausfëllen: Num, Pace Schwell (z.B.
4:50), HR Schwell (z.B.156), Datum, Training, Ënnergrond, Schong, Temperatur a Wand. Num, Schwellen a Schong bleiwen fir den nächsten Training stoen. Temperatur a Wand kommen automatesch (Open-Meteo), soubal Datum an Auerzäit do sinn: bei engem FIT-Import fir d'Startplaz vum Training, soss fir d'Plaz am Feld „Plaz“ (Diekirch virastellt). Wat ee selwer agëtt, gëtt net iwwerschriwwen. - Reps uleeën: „Training importéieren“ (kuck ënnen), „Reps aus Training uleeën“ (liest z.B.
6x1000 (60s)aus dem Feld Training), „Strecke virwielen“ (5 km, 10 km, Hallefmarathon … gëtt automatesch an 1-km-Reps opgedeelt) oder einfach „+ Rep“. - Zäiten an HR aginn: Zäiten als
7:38,2oder4:37,15(min:sek),1:02:30fir eng Stonn oder méi. Pace, Total a Faarwen kommen direkt. Mam Knäppchen „Zäite just op Zéngtel“ ënnert der Tabell ginn d'Zäite gerount gewisen (7:38,2 amplaz 7:38,15), och am PDF an am Excel; gerechent gëtt ëmmer mat de genaue Zäiten. Mat „Distanze ouni Komma“ stinn d'Distanzen ouni Kommazuel do (1601 amplaz 1601,3), och am PDF; am Excel stinn d'Distanzen esou wéi an der aler Vorlag ëmmer ouni Komma. - Kommentar schreiwen: pro Rep an ënnen e generelle Kommentar zum Training.
- PDF fir den Trainer: am Drockdialog „Als PDF späicheren“ wielen. De Fichiersnumm ass schonn ausgefëllt, wéi am Excel:
JJMMDD Num -- Ënnergrond -- Training, z.B.260930 Guy -- Piste -- 4x1600. Mam Knäppchen „Excel“ gëtt et dee selwechte Fichier als Excel, an der aler Vorlag mat Formelen a Faarwen.
„Neien Training“ mécht d'Trainingsdonnéeën eidel. „Späicheren“ an „Lueden“ späicheren en Training als Fichier, fir en spéider nees opzemaachen.
Training importéieren
De Knäppchen „Training importéieren“ fëllt d'Reps a Pausen aus engem Fichier oder Bild aus. Et gëtt ëmmer eng Virschau, an där een all Zeil (Rep, Paus oder ignoréieren) a Wäert nach ännere kann, ier een iwwerhëlt. Fichieren a Biller kann een och einfach op d'Säit zéien oder mat Cmd/Ctrl+V apechen; d'Tool sortéiert se dann selwer.
Am Dialog ginn et zwee Felder:
- 1 · Plang: Screenshot, Foto oder PDF vum Trainingsplang, also wat geplangt war. De Plang kann een och ënnen als Text tippen, z.B.
4x1600 (60s). - 2 · Resultat vun der Auer: d'FIT-Datei, also wat gelaf gouf. Soss e Screenshot vun de Ronnen aus der Auer-App.
Mat béidem sicht d'Tool d'Reps vum Plang an de Ronne vun der Auer, an d'Ronnen dertëscht ginn d'Pausen. D'Reiefolleg ass egal. All Feld weist mat engem ✓, wat dra läit. Wann d'Erkennung falsch ass, einfach de Plang verbesseren: d'Auer-Donnéeë bleiwen do.
Bei Hills ëmmer de Plang derbäi: ouni Plang kann d'Tool d'Ronnen rop an d'Ronnen rof net auserneen halen, well d'Pace bal d'selwecht ass. D'Distanz vum Rof-Lafen steet am Kommentar vun der Paus (z.B. „rof 207 m“). Pausen, wou d'Auer gestoppt war oder wou s de stoe bliwwe bass, ginn eegen Zeilen.
Datum, Auerzäit a Plaz: Soubal eng FIT-, TCX- oder GPX-Datei drun ass, ginn Datum, Auerzäit a Plaz (Duerf vum Start, z.B. Gilsdorf) direkt agedroen, an d'Wieder gëtt fir déi Plaz gesicht. Fir den Numm vun der Plaz gëtt d'GPS-Startpositioun un OpenStreetMap geschéckt.
| Quell | Wat gëtt iwwerholl | Wat ze wëssen ass |
|---|---|---|
| FIT, TCX, GPX (Garmin, Coros, Strava) | Runden mat Distanz, Zäit op d'Honnertstel, Max HR pro Rep, Min HR pro Paus; bei Garmin och Datum, Auerzäit, Temperatur a Wand | Am exaktsten. Op der Piste gëtt d'GPS-Distanz op déi ronn Distanz gesat (1612 m → 1600 m). GPX gëtt an 1-km-Splits opgedeelt. |
| Screenshot oder Foto vun der Rundelëscht | Runden aus der Auer-App, per Texterkennung um Apparat | Erkennung kann sech verdinn: Virschau ëmmer kontrolléieren. |
| Trainingsplang (PDF, Bild oder Text) | Reps, Pausen, Training an Datum vum gewielten Dag | Funktionéiert am beschte mat der Schreifweis ënnen. Wat net verstane gëtt, steet als „Net verstan: …“ do. |
| Strecke virwielen | 400 m bis Marathon | Vun 3 km un eng Rep pro km. |
Strava kann spéider direkt verbonne ginn; dat ass virbereet, awer nach net aktiv.
Fir den Trainer: Schreifweis fir Trainingspläng
Wann de Plang esou geschriwwe gëtt, liest d'Tool en ouni Feeler: eng Zeil pro Schrëtt, de Wochendag als eegen Zeil drëwwer.
| Schreifweis | Bedeitung |
|---|---|
4km WU / 2km CD | Ee- an Auslafen; zielt net als Rep (och: Auslaf, easy, jog) |
6x1000m (60s) | 6 Reps vun 1000 m, 60 s Paus dertëscht |
4x(1600-1200) (60s) | Serie: 1600, 1200, 1600, 1200 … mat 60 s Paus |
4x(800 p45s 600 p30s 400)p90s | Serie mat eegene Pausen: 800, 45 s Paus, 600, 30 s Paus, 400; tëscht de Serien 90 s (Zeil drënner) |
3-5x(800 p45s 600 p30s 400) | 3 bis 5 Serien, jee no Leefer: mat der FIT-Datei hëlt d'Tool esou vill Serien, wéi gelaf goufen; ouni Datei 3 |
8min threshold @ 4:50 | Rep no Zäit; d'Zil-Pace kënnt an de Kommentar |
p90s (oder 90s eleng) | Paus nom Block, op enger eegener Zeil |
5x30s rop (rof) | Hills: rop lafen, rof trabéieren, direkt déi nächst; d'Paus huet keng fix Zäit |
Beispill fir e Freideg:
Freides 4km WU 5x60s rop (rof) p90s 8min threshold p90s 5x30s rop (rof) p90s 6min threshold 2km CD
Dëst gëtt am Tool: 5 Hills, 8 min Threshold, 5 Hills, 6 min Threshold, mat 1:30 Paus tëscht de Bléck; Training = „5x60s rop + 8min threshold + 5x30s rop + 6min threshold“ an den Datum vum Freideg, deen am noosten drun ass. Al Schreifweisen (z.B. 5x60s hills (90s Paus)) ginn och nach gelies.
Wat d'Tool rechent
All Berechnung ass déiselwecht wéi an der Excel-Fichier „Lafen SauerBeen Trainingsfeedback“; mam 4x1600 vum 30.09.2026 kommen déiselwecht Zuelen a Faarwen eraus.
| Wäert | Formel |
|---|---|
| Pace pro Rep | Zäit ÷ Distanz × 1000 |
| Pace MIN / MAX | Pace Schwell × 1,08 / × 0,92 |
| Max HR Rep MIN / MAX | HR Schwell − 15 / + 25 |
| Min HR Paus MIN / MAX | HR Schwell − 30 / + 10 |
| Laktat MIN / MAX | 1,5 / 5,0 |
| Total | Distanz vun de Reps; Zäit vu Reps a Pausen |
MIN / MAX änneren: All MIN- a MAX-Wäerter (Pace, Max HR Rep., Min HR Paus, Laktat) kann een iwwerschreiwen. En eegene Wäert steet fett; eidel maachen = nees d'Formel. Si bleiwen fir den nächsten Training stoen a ginn och esou an den Excel.
Faarwen am PDF: Pro Kolonn rout, giel, gréng vum Minimum iwwer d'Mëtt (Median) bis zum Maximum, inklusiv MIN/MAX-Referenz. Bei der Pace ass séier rout a lues gréng; bei HR a Laktat ass niddreg gréng an héich rout.
Zwee Ënnerscheeder zum Excel, fir manner Feeler: 21:15 heescht ëmmer 21 Minutten (am Excel 21 Stonnen), an eidel Zeilen weisen näischt amplaz #DIV/0!. Ënnert de Reps steet nach den Ø Pace, Ø Max HR, Ø Min HR Paus an d'Belaaschtungszäit.
Fir d'Testpersounen: wat w.e.gl. testen
- E richtegen Training vun dëser Woch aginn, eemol mat der Hand an eemol per Import
- Eng FIT-Fichier vun der Auer importéieren (Garmin Connect: Aktivitéit → „Export Original“; Coros: Aktivitéit → Export → FIT)
- E Screenshot vun der Rundelëscht an e Foto vum Trainingsplang probéieren
- De PDF maachen an nokucken, ob Numm, Faarwen a Kommentar stëmmen
- Op Handy a Computer probéieren
Feedback: Iwwer de Knäppchen „Feedback“ uewen am Tool oder direkt iwwer dëse Link: Test-Feedback Formulaire. Do kanns de soen, wat s de gemaach hues, op wat fir engem Apparat a Browser, an e Fichier oder Screenshot derbäisetzen. All Äntwerte kommen beim Guy un.
